Workshops

Op der Plaz hues du d'Geleeënheet, gratis un Atelieren deelzehuelen.

Du kanns dech hei mat Experten iwwer d'Beruffer an der Coiffure an Ästhetik austauschen. Looss dech vun Experte beroden, déi dir an dengen Demarchen hëllefe kënnen.

  • Atelier Coiffure

    Informéier dech iwwer de Beruff vum Coiffeur a genéisst dobäi e flotten Hair-Styling!

  • Atelier Ästhetik

    Entdeck einfach Tipps, fir däi Look z'optimiséieren an dech wuel an denger Haut ze fillen!

  • Atelier Stilberodung

    Looss dir Tipps ginn déi dech inspiréieren kënnen, wéi ee Kleedungsstil an Optrieden zu wéi engen Occasiounen passt.

  • Atelier CV Foto a Berodung

    Frësch gestylt a coifféiert, kanns du eng professionell Foto fir däin CV maache loossen. Zousätzlech berode mir dech gären zum Inhalt an zum Layout vun dengem CV. 

  • Atelier Colorimétrie

    Entdeck, wéi eng Faarwe bei dir am Beschte passen!