Nei Formatioun: 1re DAP – 1 Joer, 1 Beruff

31

Rendez-nous visite sur le stand 31.

Voir sur le plan

D‘1re DAP ass eng intensiv Formatioun, déi dir erlaabt bannent engem Joer en unerkannten Diplom vun der Beruffsausbildung ze kréien. Du hues de Choix tëschent verschidde Beruffer , wéi Schräiner·in, Estheticien·ne, Zerspanungsmechaniker·in, etc. Du kanns dech aschreiwe wanns du schonn ee 1re-Diplom vum Enseignement secondaire classique oder général, en Techniker-Diplom oder e gläichgestallten Diplom hues.

D‘1re DAP bitt dir eng modern, praxis-orientéiert Formatioun, déi dengen Talenter an de Besoine vun der Lëtzebuerger Ekonomie entsprécht. Mat 2 Diplomer hues du méi Chancen dee Beruff auszeüben, deen am beschte bei dech passt.

D’Formatioun 1re DAP gëtt vum Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend organiséiert.