Maison de l’orientation
16
Rendez-nous visite sur le stand 16.
Du bass op der Sich no Informatiounen a Berodung am Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientéierung?
D’Offer vun der Maison de l’orientation (MO) riicht sech un all Bierger, deen no Conseil fir seng schoulesch oder berufflech Orientéierung sicht. Am Espace conseil vun der MO kann een vun engem individuellen, gratis an anonyme Gespréich profitéieren - mat oder ouni Rendez-vous, online oder op der Plaz.
Zousätzlech ass et méiglech, e Rendez-vous mat Conseilleren aus engem vun de siwe Servicer am Haus ze huelen, déi jeeweils op spezifesch Fachberäicher spezialiséiert sinn.